No sëllege Kloe fir besser Haftkonditiounen goufen dem rietsextreemen Attentäter Anders Breivik zwee Mierschwéngercher a Fotoe vu Fjorden accordéiert.

Den haut 45 Joer alen Anders Breivik, deen 2011 bei engem Attentat 77 Mënschen ëmbruecht hat, huet sech ëmmer erëm iwwer seng Haftkonditioune beschwéiert. Eréischt am Februar war eng Klo géint den norwegesche Staat gescheitert. E Méindeg huet e Geriicht zu Oslo sech mat engem Appell beschäftegt, an deem de rietsextreeme Breivik dem Staat eng "onmënschlech" an "erniddregend" Behandlung reprochéiert.

Am Prisong huet den Attentäter dräi Privatraim, ee Fernsee an eng Spillkonsol. Der Demande no Hausdéiere war de Prisong mat dräi Perruchen nokomm. Dës hätten dem Breivik no awer ganz ënnen op senger Lëscht vun den Hausdéieren, déi hie sech géing wënschen, gestanen. Dës goufen deemno elo duerch Mierschwéngercher ersat. Donieft goufen dem Breivik Fotoe vu Fjorden a Bierger accordéiert, déi op d'Mauere gepecht goufen.

Den Anders Breivik hat den 22. Juli 2011 zu Oslo 8 Mënsche mat enger Bomm ëmbruecht an dono op der Insel Utöya weider 69 Mënschen erschoss, vun deenen déi meescht Participante vun engem Summercamp vun der Jugendorganisatioun vun der Aarbechterpartei waren. Viru Geriicht huet hie rietsextreem Motiver uginn.

2012 gouf de Breivik zu 21 Joer Prisong mat Sécherheetsverwarung verurteelt. E Mëttwoch huet e Geriicht eng nei Demande vum Breivik op virzäiteg Entloossung op Sursis refuséiert.