Um fréie Freideg de Moie hate mir bei RTL.lu technesch Problemer, esou datt een net op eis Onlineservicer konnt zougräifen.

Eis informatesch Ekippen hu mat Héichdrock dru geschafft, fir d'Problemer ze léisen, wat hinnen och gelongen ass.

Wärend der Zäit, wou RTL.lu, RTL Today an RTL Infos net accessibel waren, hunn d'Kolleege vum Radio Iech awer weider iwwer alles Wichteges informéiert.