De Schong stellen, léiwe Kleesche sangen oder sech enzwousch ustelle fir eng Titchen, dat sinn typesch Traditiounen hei am Land ronderëm Kleeserchersdag.

An dat wëll och de Projet Scouts4Refugees deene Leit weisen, déi hier Heemecht hu misse verloossen.

Bei dësem Projet geet et dorëms, Refugiéeën, déi nach net laang am Land sinn, déi Lëtzebuerger Kultur méi no ze bréngen. Virun allem Kanner solle vun dëser benevoller Offer profitéiere kënnen an dofir treffe si sech ee Mol de Mount a maachen déi ënnerschiddlechst Aktivitéiten.

"Déi lescht Kéier ware mir an d’Kasematten. Do hate mir ënnert dem Bockfiels eng Visitt vun de Kasematte gemaach", erënnert sech de Marc Klepper, deen de Projet initiéiert huet. "Mir haten awer och schonn eng Kéier iwwert d'Ermesinde eng Aktivitéit gemaach, mir maachen eng Ouschteraktioun, mir maachen eng Aktioun wärend der Fuesent. An am Fréijoer, Summer gi mir haaptsächlech eraus an de Bësch mat lokale Scouts a Guidegruppen. A mir maache Feier an aner Scoutstechniken."

Den Austausch wär och ee wichtegen Deel, heiansdo kache si och zesummen. Déi gréissten Erausfuerderung ass dobäi ganz dacks d’Sprooch. "Et ass jo virun allem de Premier Accueil, dat heescht, déi, déi just am Land erakomm sinn an déi schwätzen och Sproochen, déi mir guer net beherrschen. An da musse mir kucke mat Google Translate oder sou, probéieren ze iwwersetzen. An deen iwwersetzt och net ëmmer dat, wat mir gären hätten." 

Ee Beispill, wou een dann eng Kéier laanschtenee geschwat hätt, ass bei enger Kachaktivitéit geschitt. "Si kommen heiansdo och bei eis kachen, a maachen hir Traditiounsgerichter an do hate mir och scho mol Poulet matbruecht, amplaz Schwéngefleesch, well de Google Translate dat net honnertprozenteg iwwersetzt", erzielt de Marc Klepper. Trotzdeem géif et ëmmer iergendwéi goen. Dëse Sonndeg si vill Leit op d’Aktivitéit komm, déi spuenesch schwätzen. Anerer si scho méi laang zu Lëtzebuerg a schwätze schonn e bësse franséisch, däitsch oder lëtzebuergesch.

Am Duerchschnëtt waarden d’Demandeurs de protection international der ONA no 10 Wochen am Premier Acceuil. Bis Enn Oktober 2024 krute 666 Leit de Statut als Refugiée.

De Projet Scouts4Refugees schafft mat verschiddene Foyeren zesummen. Leschte Sonndeg sinn d’Leit aus dem Centre Premier Acceuil Tony Rollmann komm. 2024 si bis elo knapp iwwer 1.800 Demandeurs de protection international am Centre Premier Accueil um Kierchbierg ukomm.

D’Familljen, déi sech ugemellt hunn, fir bei der Aktivitéit matzemaachen, kommen alleguerte fir déi éischte Kéier. Et wéisst een ni, wie géif kommen. Dacks maachen awer déi selwecht Familljen e puer mol mat.

"Wa si op dech duer kommen an dir Merci soen an ee Laachen um Gesicht hunn an erëm kommen an eis gären hunn a gären erëm kommen", beschreift d’Simone Gehlen-Welter den Engagement. Si ass Deel vun de Benevolle Scouten, déi sech ëm de Projet këmmeren. "Dat si wierklech déi Momenter, wou s du dir sees, 'hei sinn ech richteg'. Dat ass alles gutt, wat mir hei maachen."

De Projet gëtt et zanter dräi Joer an ass ëmmer ee Mol de Mount. Ee vun de Scout-Prinzippien ass d'Verantwortung anere Matmënsche géinteniwwer. "Wat mir extrem wichteg ass bei deem Projet, ass, dass et een humanen, ee mënschleche Projet ass. Mir als Guiden a Scoute maache kee politesche Projet draus", ënnersträicht de Marc Klepper vu Scouts4Refugees.

Jiddereen aus de respektive Foyeren, déi beim Projet matmaachen, ka sech aschreiwen. Si kënnen een Nomëtteg den Alldag vergiessen, een Deel vu Lëtzebuerg kenneléieren an Zäit mat neie Bekanntschafte verbréngen. Beim Projet géif et eben net ëm politesch oder reliéis Meenungen oder Usiichte goen, mee et geet ëm de Mënsch, deen am Vierdergrond steet.