Wéinst dem Retour vun engem Matschüler, deem Mobbing reprochéiert gëtt, hu méi wéi 1.500 Schüler zu Skopje zwee Deeg laang protestéiert.

All d'Kanner am Alter tëscht 6 a 14 Joer sinn deemno en Donneschdeg an e Freideg net an d'Schoul gaangen. Grond fir de Boykott war de Retour vun engem Schüler aus dem drëtte Schouljoer, deem Mobbing virgeworf gëtt.

Säi Papp hat zwar probéiert, de Jong an enger anerer Schoul unzemellen, dat awer ouni Succès. Deemno huet de Jong, dee verschiddenen Elteren no scho virun zwee Joer ugefaangen huet, aner Schüler ze mobben, missen a seng al Schoul zeréck. Wéi d'Eltere beschreiwen, wier et awer net just Mobbing gewiescht, ma och verbal a sexuell Belästegung, souwéi Vandalismus, Schléi a Menacë mat engem Messer.

Den Elterecomité hat d'Schoul dowéinst opgefuerdert, "dréngend all staatlech Mechanismen anzesetzen, fir den emotionalen a psychologeschen Zoustand vum Schüler ze beurteelen".