De Mëttelalter-Chrëschtmaart zu Diddeleng
Lagerfeier, Feldbäcker an en aalt Karussell: Op der Place Kinnen ginn d'Leit matgeholl an d'Atmosphär vun engem mëttelalterlechen Duerf.
All Joer zitt de Chrëschtmaart am Mëttelalter-Stil zu Diddeleng vill Visiteuren un. Och dëst Joer sinn nees vill Leit op d'Place Frantz Kinnen komm, fir sech mathuelen ze loossen, an eng vergaangen Zäit.
De Christophe Hochard huet fir eis nogefrot, wat d'Leit op Diddeleng zitt an d'Äntwerte si kloer: d'Ambiance an déi speziell Wueren, déi ee soss net all Dag kritt.
RTL-Chalet um Diddelenger Chrëschtmaart
Och RTL ass a Chrëschtdagsstëmmung an ass dëse Weekend um Chrëschtmaart zu Diddeleng op der Gemengeplaz vertrueden. An eisem dekoréierte Chalet kënnt Dir Iech beim kale Wieder an eng waarm Decken awéckelen an d'Animatiounen a Concerten op der Bün suivéieren.