De 26. Dezember virun 20 Joer huet en Äerdbiewen am indeschen Ozean en Tsunami ausgeléist, dee fir eng vun de schlëmmsten Naturkatastrophe gesuergt huet.

230.000 Mënsche sinn nom Aschlag vu bis zu 20 Meter héije Wellen un de Küste vu Sri Lank, Indien an Thailand gestuerwen. Ënnert den Affer ware vill Touristen, och aus dem Grand-Duché.

Ronn 38 Joer schafft de Roby Fehlen als Benevole, 27 dovunner als Member vum Groupe de support psychologique. Hie war 2004 mat dobäi fir no Lëtzebuerger Iwwerliewender ze sichen an huet dobäi Momenter erlieft, déi hie bis haut markéiert hunn. Mee de Roby Fehlen huet och no sengem Asaz weider gehollef a mat Kolleegen, wei ënnert anerem dem Hotelier Claude Baltes, 89 Famillen eng nei Liewensgrondlag geschaaft.