Laangjärege Wiederfräsch vum däitschen RTL
Olaf Steinbauer ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen

Den Olaf Steinbauer gouf 1939 zu Nürnberg gebuer an huet seng journalistesch Karriär bei enger Dageszeitung ugefaangen.
Et war de Frank Elstner, dee säin Talent erkannt huet an hien 1973 op Lëtzebuerg bei RTL bruecht huet. 16 Joer laang war den Däitsche bei RTL engagéiert, als Chefredakter, Verwaltungschef a Responsabele vum "Hallo RTL Clubs".
Dem breede Public bekannt war hien awer virun allem als charismatesche Presentateur vun der Meteo. Privat huet den Däitsche bis zum Schluss hei zu Lëtzebuerg mat sengem laangjärege Liewenspartner gewunnt.
Am meeschte gelies