Bis d'neit Joer agelaut gëtt, ass et net méi all ze laang. Ma et kann een awer lo schonn ufänken, seng nächst fräi Deeg clever ze plangen.

Dee vun dësem ass sécher scho verbraucht, ma wéi ass et da mam Congé vum nächste Joer? Scho geplangt? Wann net, da dat gëtt et héich Zäit!

Deen een oder aneren huet vläicht scho Congé, ass mat de Gedanke schonn dran oder huet ganz einfach kee Choix a muss schaffen. Nach ee Grond méi, direkt op déi nächst fräi Deeg am nächste Joer ze kucken. Besonnesch intressant ass et, wéi et da mat de Bréckendeeg an de verlängerte Weekender ausgesäit.

Gutt Nouvelle virop

Obschonns et manner Bréckendeeg d'nächst Joer ginn - fir genee ze si just zwee - ginn et awer eng jett verlängert Weekender. A wie sech do clever uleet, dee ka sécher deen een oder anere kuerzen Tripp erlaben.

Ma elo fänke mer mol am Ufank vum Joer un...

Dat neit Joer fänkt jo eleng scho mat engem Feierdag un. Den 1. Januar fält 2025 op ee Mëttwoch. Mat e bësse Gespills a vill Gléck kann een dorausser iwwer eng Woch fräi maachen, dat mat awer just dräi Deeg fräi. Wéi? Ma ganz einfach. Et hëlt een nach séier nach de 27. Dezember, also de Freideg tëscht de Chrëschtdeeg an dem Weekend, esou wéi och de Méindeg an Dënschdeg, also den 30. an 31. Dezember. An esou kann ee vum 25 Dezember u bis den 1. Januar inclus doheem bleiwen. Deen Trick kann ee ganz änlech och nach eng Kéier um Enn vun 2025 notzen.

Da kënnt Februar a Mäerz, wou een e bëssen duerhale muss, woubäi ee vun deenen zwee Méint jo scho méi kuerz ausfält.

Déi nächst Méiglechkeet kritt een dann nees am Abrëll. Hei kann ee sech den Ouschterméindeg nach emol extra unzeechnen. Dëse fält - wéi soll et anescht sinn - op ee Méindeg, 2025 ass dat den 21.

Gutt gesäit et nees am Mee aus. An deem Mount sinn direkt zwee Bréckendeeg an ee verlängerte Weekend dran. Ugefaange mam 1. Mee, deen idealerweis op een Donneschdeg fält an dat heescht, et si véier Deeg fräi méiglech. Besser kann een de Weekend net verlängeren. Kee Bréckendag, ma einfach vun engem laange Weekend profitéieren, kann een direkt d'Woch drop um Europadag den 9. Mee. Dëse fält ganz perfekt op ee Freideg. Mir bleiwen am Mee. Wéi all Joer fält Christi Himmelfaart op en Donneschdeg, also den 29.5.2025. Et muss een also just een Dag fräihuelen, fir een extra laange Weekend e hunn.

Mat de Bréckendeeg wier et dat fir 2025 dann u sech och scho gewiescht, ma et bleiwen engem um Rescht vum Joer jo nach e puer Feierdeeg, déi d'Schaffwoch verkierzen. Dat wier am Juni an och am August.

Am Juni sinn et esouguer zwee Feierdeeg, eemol den 9. op Péngschtméindeg an nach emol den 23. op Nationalfeierdag. Dëse fält 2025 op e Méindeg, do kritt een de Weekend also automatesch ëm een Dag verlängert. Eng méi kuerz Woch mat engem fräie Freideg gëtt et dann nach emol de 15. August op Maria Himmelfaart.

Komme mer bei d'Period ëm Allerhellegen an do kënnt nach ee klengen Extra dobäi. Den 1. November 2025, e Feierdag, fält och op ee Samschdeg, wat dann éischter d'Leit wäert freeën, déi op deem Dag musse schaffen an extra bezuelt ginn.

Kuerz Woch ëm d'Feierdeeg 2025

2025 falen d'Chrëschtdeeg extra gutt. De Gros vun de Leit schafft jo alt nach um 24. Dezember, ma dacks geet et schonn nomëttes - also méi fréi wéi gewinnt - an de Feierowend, respektiv an de Congé an och bei d'Famill fir Reveillon. Forcement fält de 25. Dezember op en Donneschdeg an de 26. op e Freideg. Do spuert ee sech dann nawell vill Congé, fir op enger anerer Plaz ze placéieren.

A wann der de Congésziedele bis elo nach net prett hat, spéitstens elo hutt Dir iech sécher déi eng oder aner Nott gemaach... 😉