E Beemche geet op d'Rees
De Solidaritéitsbeemche vum Frëndeskrees Kamerun reest vun engem Chrëschtmaart op den aneren a soll no an no gerëscht ginn.
D’Zil ass, dass e fir Chrëschtdag fäerdeg dekoréiert ass, fir dono am CIPA zu Nidderaanwen ze stoen. Hannert dem Projet stécht nach een aneren Hannergrond wéi just Dekoratioun: Et ass e Benevolat. Op de Chrëschtmäert kënnen d'Leit d'Dekoratioune kafen, fir se un de Beemchen ze spéngelen. Den Erléis dovu gëtt benotzt, fir e weidere Klassesall an der Schoul Ste Marie de SOA am Kamerun ze bauen.
Ongeféier 60 Leit waren un der Initiativ bedeelegt. Ënnert anerem fir d’Dekoratiounen: déi sinn all handgemaach a goufe vun de Leit am CIPA zu Nidderaanwen gebitzt, geheekelt, oder gestréckt.
"Dee Beemchen ass elo express kee Chrëschtbeemchen, mee e Solidaritéitsbeemchen, well en déi eeler Leit abezitt an och d’Kanner abezitt. A well et net nëmme Lëtzebuerg abezitt, mee och d’Ausland, an dësem Fall eben de Kamerun", esou d'Marie-Paule Arendt-Brosius, Vize-Presidentin a Sekretärin vun der ASBL.
Dem Beemche seng Rees ass am CIPA zu Nidderaanwen ugaangen, vu wou en dunn op de Chrëschtmaart zu Nidderaanwen gereest ass. Vum 12. bis de 14. Dezember wäert en zu Peppeng beim Klouschter stoen an de 15. Dezember zu Déifferdeng.
Schonn zanter 30 Joer hëlleft de Frëndeskrees de Leit am Kamerun. All Mount hu si eng Aktioun, fir hir Aarbecht ze erméiglechen. Beispiller dovu sinn hir Trauliicht- a Kürbisevenementer vum November an Oktober, oder hire Fréijoers-Rallye.
A wann Dir de schéinste Chrëschtbeemchen hätt? Maacht bis den 13. Dezember bei eisem Gewënnspill mat a schéckt eis eng Foto vun ärem Chrëschtbam. Méi Detailer zum Spill a wat et ze gewanne gëtt, fannt Dir hei.