Presuméierte sexuelle Mëssbrauch duerch Bopa iwwer Kanner-Bréif opgedeckt

3 Kanner hu sech vun hirem Liblings-Influencer gewënscht, datt hire Bopa bestrooft gëtt, wéinst sexualiséierter Gewalt.
Ee 34 Joer alen Influencer vun Oochen hat sech virgeholl, seng Follower ze beschenken a Kleeschen ze spillen. Hien huet d'Kanner ënner senge Spectateuren opgefuerdert, hir Wënsch fir Chrëschtdag eranzeschécken.
All Dag kommen Honnerte vu Bréiwer. All Noriicht gëtt vum Alexander Schönen gelies.
Bis dëse Bréif koum: 3 Geschwëster hate sech näischt Materielles gewënscht, mee just datt hire Bopa fir sexualiséiert Gewalt un hinnen an hirer Mamm géing bestrooft ginn. Dat Ganzt mat enger Zeechnung.
D'Police gouf séier kontaktéiert. Wéinst dem Verdacht op schwéiere Mëssbrauch un 3 Meedercher tëscht 10 a 14 Joer gëtt elo géint de Bopa ermëttelt.