Freideg den 13. gi manner Schied gemellt, wéi op anere Freideger

Dat mellt op alle Fall eng vun de gréisste Versécherungsentreprisen an Däitschland, d'Barmenia Gothaer, een Dag virum sougenannten "Onglécksdag".
Mat Bléck op e Freideg den 13., kéint een Entwarnung ginn, heescht et säitens der Versécherung en Donneschdeg. Den Dag selwer wier net méi geféierlech wéi en aneren och.
Op déi gemellte Fäll gekuckt, géifen op engem Freideg den 13. net méi Fäll gemellt ginn, wéi op aneren "normale Freideger". Am Contraire souguer: e Freideg den 13. September 2024 goufe bei der Versécherung nëmme 426 Schied gemellt. Dat wier ronn e Fënneftel manner wéi am Joresduerchschnëtt fir e Freideg, dee bei 545 läit.
Fir dëst op den éischte Bléck irritéierend Phänomen gëtt et awer eng Erklärung, esou eng Versécherungsexpertin vun der Barmenia Gothaer. Nämlech grad well sou vill Leit de Glawen un dësen Onglécksdag hunn, géifen et manner Onglécker ginn. D'Angscht virum Dag féiert bei ville Leit offensichtlech dozou, dass ee grad da gutt oppasst, sou dass manner Accidenter passéieren.