Wien Appetit op besonnesch knackegt Geméis a séiss Friichten huet, fënnt zu Lëtzebuerg e puer renomméiert Adressen.

De Restaurant "Ma Langue Sourit" zu Éiter, deen och zwee Michelin-Stären an eng Nott vun 18,5/20 bei Gault&Millau huet, gouf elo am Ranking vun "We're Smart TOP 100" als ee vun deene beschte Geméisrestaurante weltwäit ausgewielt. De Restaurant, dee vum Chefkach Cyril Molard geréiert gëtt, kënnt dëst Joer op d'Plaz 68 a verbessert sech domat am Verglach zum leschte Joer ëm bal 20 Plazen. Deemools war de Restaurant nach op déi 85. vun 100 Plaze komm.

De Ranking hieft speziell d'Entrée "vegetable walk at Sandrine, raw and cooked" ervir, déi "We're Smart" besonnesch impressionéiert huet. Datt Geméis souguer an den Desserten ze fannen ass, huet dem Restaurant een Extra-Punkt abruecht.

Eng weider Éierung geet un de Chefkach René Mathieu, deen am Restaurant "La Distillerie" zu Buerglënster schafft. D'Distillerie ass zwar zanter 2022 net méi an den Top 100 vertrueden, ma hire Kach gouf elo als "Untouchable" ausgezeechent. Dëse Präis geet u Käch, déi mat hire Restauranten op d'mannst zwee Joer hannerteneen un der éischter Plaz am Ranking stoungen.

Tatsächlech war d'Distillerie an de Joren 2020 an 2021 op der 1. Plaz am Ranking, dat nodeems de Restaurant am Joer 2019 schonn déi 3. an am Joer 2018 déi 4. Plaz beluecht hat.

Zesumme mat de Restauranten "Mosconi" an der Stad a "Léa Linster" zu Fréiseng dauchen d'"Distillerie" a "Ma Langue Sourit" och am neien Top-1000-Ranking vun "La Liste" op, an deem déi bescht Restaurante weltwäit opgezielt ginn. Weider Detailer heizou gëtt et op RTL Infos.