Och a China kënnt een a Chrëschtstëmmung

© AFP (Archiv)
Dezember bedeit Chrëschtdag-Overload och op der anerer Säit vun der Welt.
Tëscht Tempelen an Héichhaiser hänken och zu Shanghai iwwerall Liichtercher a stinn d’Chrëschtbeem. Eis Korrespondentin Anne Wang feiert d’Chrëschtdeeg an der chineesescher Groussstad.
Et gëtt geschat, datt bis zu 100 Millioune Chrëschten a China liewen. Mee freet een d’Leit hei op der Strooss, wat den Hannergrond vu Chrëschtdag ass, héiert ee meeschtens: iergendeppes Amerikanesches mam Santa Clause a ganz heiansdo eppes mat Jesus. Vill méi wichteg wéi de Message vu Chrëschtdag schéngt de Leit hei d’Atmosphär an de Commerce ronderëm X-mas ze sinn. Egal wou ee kuckt a lauschtert, iwwerall blénken d’Luuchten an duerch d’Lautsprecheren dudelt Wham a co.
Dank dem Import an enger grousser Expat-Communautéit feelt et zu Shanghai net u Chrëschtdags-Kreemchen: vu klenge Beemercher, Bullen bis zu Kichelcher a Chrëschtdags-Bûchen, et kritt een alles hei.
Wann een dann elo hei zu Shanghai feiere wëll, muss een dat net mat Beijing Duck oder Dim Sum maachen, mee et kann ee sech traditionell Chrëschtdagskascht heem bestellen. Ganz vill Hotellen a Restaurante bidden en Heem-liwwer-Service un. Dinden, Hamen a souguer vegan Chrëschtdagsalternative kann ee sech ganz einfach den Dag selwer heem liwwere loossen. Besonnesch fir déi Leit, déi am klenge Krees feieren oder keng Loscht hunn, fir ze kachen, ass dat immens praktesch.
Mee egal ob et eleng ass oder mat Kolleegen, mat oder ouni Dinde, et ass schéin och hei zu Shanghai e bësse Chrëschtdagsflair ze hunn.