Luxair deelt mat
Commande fir zwou Embraer E195-E2 ënnerschriwwen

E Modell vun enger E195-E2 mam Luxair Logo. / © Luxair
Wéi déi national Fluchgesellschaft matdeelt, wäert ee seng Flott mat zwou Embraer Maschinne ausbauen.
Zesumme mat der Bestellung, déi een 2023 ënnerschriwwen huet, wäert d'Luxair an Zukunft sechs Maschinne vum Typ E195-E2 an hirer Flott hunn. Déi éischt Maschinn, nach vum Kontrakt vun 2023, soll Ufank 2026 geliwwert ginn. D'Maschinnen aus dem neie Kontrakt si fir 2027 virgesinn.
Am meeschte gelies