No 35 Joer wäert et an Zukunft keng "Miss Nederland"-Wiel méi ginn.

Wéi et vun den Organisateuren heescht, wier dës Zort vu Kompetitioun net méi zäitgeméiss. "D'Welt verännert sech a mir veränneren eis mat hir". Déi leschte Kroun dëst Joer krut iwwregens d'Amber Rustenberg.

Ma ganz zéie sech d'Organisateuren awer net zeréck. Mat enger neier Plattform, déi si "net méi aus dëser Zäit" (Niet Meer Van Deze Tijd) nennen, wëll een déi psychesch Gesondheet, sozial Medien, Villfalt an d'Bild, wat ee vu sech selwer huet, an de Fokus stellen. Op dëser Plattform sollen d'Leit Geschichte fannen, déi si beréieren. "Hei inspiréiere mir jonk Mënschen, datt si si selwer an dëser Welt, déi sech am Wandel befënnt, kënne sinn".

D'Plattform soll och genotzt ginn, fir datt Frae sech iwwer all méiglech Theme kënnen ausstauschen. D'Schéinheet soll awer net méi am Mëttelpunkt stoen, seet d'Organisatrice vun der leschter "Miss Nederland"-Wiel Monica van Ee.