Déi nei Staffel vun der Science Challenge Show
E Sonndeg, de 5. Januar, fänkt déi zweet Staffel vun Take Off un.
Aus den iwwer 150 Kandidaten a Kandidatinnen, déi sech fir de Pre-Casting gemellt haten, hunn der 24 et an déi éischt Sendung gepackt. Hei musse si sech an engem spannende Wëssenschaftsparcours um Schlass zu Veianen beweisen. E spektakuläre Start also an déi nei Saison vun Take Off.
Take Off ass eng gemeinsam Initiativ vun der André Losch Fondatioun an dem Luxembourg National Research Fund. An der Show kréien d'Kandidate kniwweleg wëssenschaftlech Challengen ze léisen. All Woch muss een Take Off verloossen. No am ganzen 13 Episode steet de Gewënner vun den 10.000 Euro Präisgeld fest.
Take Off kënnt ëmmer sonndes um 19.00 Auer op der Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu. Den éischten Episod vum 5. Januar kënnt ausnamsweis op der Tëlee réischt um 20.00 Auer. Op RTL Play an takeoffshow.lu kann ee se awer scho vun 19.00 Auer u streamen.