Wie kennt et net: de Scanner scannt net, de Printer print net, an de Wifi ass och schonn nees net ze erreechen.

U sech soll d'Technik eis d'Liewe jo méi einfach maachen. Ma wa se dann awer emol streikt, da kann de Bols bei deem engen oder aneren zimmlech an d'Luucht sprangen.

An Däitschland huet eng representativ Ëmfro am Optrag vum Digitalverband Bitkom gewisen, datt eng 70 Prozent vun de Leit dësen Technikfrust nëmmen ze gutt kennen an hir Geräter, wéi Smartphone, Computer oder Printer och schonn emol ugebläert hunn.

D'Männer konnten hir Roserei der Ëmfro no méi schwéier am Zonk halen an hu mat 75 Prozent scho méi dacks hir Technik ugebläert, wéi d'Frae mat 65 Prozent.

Méi däitlech falen d'Resultater vun der Ëmfro dann awer jee no Alter aus. Virun allem déi méi Jonk géifen hirer Roserei op dës Aart a Weis fräie Laf loossen. 86 Prozent vun de 16 bis 29 Joer ale Leit hunn uginn, schonn emol den Nerv verluer ze hunn. Bei de Befroten iwwer 65 Joer waren et dogéint just 38 Prozent.

Handgräiflech géigeniwwer vun hirer Technik goufen der Ëmfro no bis ewell awer just eng Minoritéit vun de Leit: 3 Prozent vun de Befroten hu gesot, hir Geräter aus Roserei schonn emol beschiedegt oder souguer komplett futti gemaach ze hunn.