Geflu gouf d'Maschinn de staatleche Medien no vum Schahrsad Schams, eng vun den éischten iranesche Pilotinnen iwwerhaapt.

U Bord waren 110 Fraen, déi déi helleg Stad am Nordoste vum Land besiche wollten. "Dëst ass déi éischte Kéier, dass e renge Frae-Fluch, mat weibleche Passagéierinnen a Bordpersonal, zu Maschhad lant", sou déi amtlech Noriichtenagence Irna, ouni ze soen, vu wou aus d'Maschinn vun der Fluggesellschaft "Aseman" fortgeflunn ass.

An der Stad, déi ronn 900 Kilometer vun Teheran ewech ass, ass de Schräin vum Imam Reza, eng vun den hellege Sitte vun de schiitesche Moslemen.

Am Iran sinn an de leschte Joren eng Partie Fraen Pilotin ginn, et ass awer ëmmer nach extrem ongewéinlech fir dat strengt islamescht gepräägte Land. Medien no war eréischt am Oktober 2019 den éischte Passagéierfluch, mat enger reng weiblecher Besatzung am Cockpit gestart, also mat enger Pilotin an enger Co-Pilotin.