Et huet Traditioun a Spuenien, d’Chrëschtdagslotterie "El Gordo" – op Lëtzebuergesch "den Décken", huet och dëst Joer nees Rekordzomme verspillt.

Ganzer 2,7 Milliarden Euro. De 4 Milliounen-Haaptgewënn gouf e puer Mol verdeelt.

Beim Tirage gouf et och e klenge Schockmoment. Et gouf vu lauter Opreegung bei de Schüler zweemol fir dat déckt Lous vu 4 Milliounen Euro gesongen, mä séier revidéiert, datt bei der zweete Kéier just 1.000 Euro verspillt goufen. Déi meescht Louse goufen a Spuenie verkaf, mä och online konnt een am Ausland matmaachen.