Nasa-Sonde kënnt Sonn sou no wéi keen Objet virdrun

© NASA/Johns Hopkins APL/AFP/HO
Op Hellegowend huet eng Nasa-Sonde dat gepackt, wat nach ni virdrun ee mënschegemaachten Objet gepackt huet.
D'Parker-Sonde vun der Nasa ass der Sonn esou no komm, wéi nach ni eng Sonde virun hir. 2018 gouf si an de Weltall geschoss, mat der Missioun sech d'Sonn méi genee unzekucken.
Am Abrëll 2021 huet d'Sonde eng éischte Kéier d'Atmosphär vun der Sonn erreecht an ass zanterhier weider a Richtung vum Zentrum vun eisem Sonnesystem geflunn. Op Hellegowend ass et zum nächste Meilestee komm: D'Sonde ass nees an d'Atmosphär vun der Sonn agedrongen an ass bis op 6,1 Millioune Kilometer un d'Uewerfläch vum gliddege Gigant erukomm. Dat ass een neie Weltrekord. Nach ni ass e mënschegemaachten Objet der Sonn esou no komm.
Wat villäicht nach wäit ewech kléngt, ass an den Dimensioune vun eisem Sonnesystem a Wierklechkeet awer onheemlech no. Den Joe Westlake vun der Nasa huet der Noriichtenagence AP géigeniwwer de Verglach gemaach, datt wann d'Sonn an d'Äerd op de jeeweilegen Enner vun engem Football-Feld wieren, da wier d'Sonde deen Ament op der "4-Yard-Line" virun der Sonn.
D'Nasa-Sonde gouf gebaut, fir Temperature vu bis zu 1.371 Grad standzehalen. Ma ob dës Missioun erfollegräich war, wäert eréischt de 27. Dezember feststoen. Deen Dag erwaart sech d'Nasa e kuerzt Funksignal vun der Sonde. Date wäert et eréischt am Januar ginn, wann d'Haaptantenn vun der Sonde a Richtung Äerd weist, sou den Astrophysiker Volker Bothmer vun der Universitéit Göttingen virun e puer Deeg. Et wäert e puer Joer daueren, bis d'Donnéeën alleguer wäerten ausgewäert sinn.
Op d'mannst bis September 2025 soll d'Parker-Sonde nach am Asaz sinn. Si soll de Fuerscher ënner anerem wichteg Donnéeën iwwer d'Sonnenuewerfläch a Sonnestierm liwweren.