Méi ass méi a fréierer Disney-Community
Wéi vill festlech dekoréiert Haiser hutt Dir dëst Joer gesinn? Chrëschtdekoratioune sinn hei am Land jo éischter dezent an traditionell.
Wien dann als Europäer iwwer d'Feierdeeg an den USA ass, deem bleift gär emol de Mond opstoen. Eng Community am Florida deet sech do besonnesch ervir: "Celebration", eng vun Disney geplangte Community. Eng 20 Minutte vum Zentrum vun Orlando ewech ass een hei an enger anerer Welt. D’Haiser sinn enger vergaangener Zäit noempfonnt. Déi ganz Anlag soll un déi amerikanesch "Small Town" aus den 1920er Joren erënneren. Mëtt den 90er sinn déi éischt Familljen erageplënnert, deemools goufe si per Lotterie ausgewielt. D’Iddi war déi vun enger Extensioun vun de Märcheparke ronderëm.
Besonnesch fir d’Feierdeeg loossen d’Awunner sech hei net lompen, och wann d’Community haut net méi zu Disney gehéiert: All Joer gëtt et e Concours, wien dat schéinst Haus huet.
Am Florida gëtt et jo éischter seele wäiss Chrëschtdeeg, dofir hëlleft een hei no. All Owend op déi voll Stonn tëscht 18 an 22 Auer schneit et Filmschnéi an och de Santa ass all Owend zu Celebration, fir d‘Wënsch vun deene Klengen opzehuelen.
Haaptacteur bleiwen awer déi festlech dekoréiert Haiser, déi a sëllege Kategorien ëm e Präis kämpfen. An do geet am Januar scho rëm d’Plange fir déi nächst Feierdeeg un.