50.000 Joer aalt Bëbee-Mammut a Sibirien entdeckt

© North-Eastern Federal University in Yakutsk/AFP/Michil Yakovlev
Russesch Fuerscher hunn a Sibirien déi "aussergewéinlech gutt erhalen" Iwwerreschter vun engem 50.000 Joer ale Bëbee-Mammut entdeckt.
Den Anatoli Nikolajow vun der Universitéit zu Jakutsk huet e Méindeg erkläert, de ganzen Team wier "iwwerrascht" iwwert den Zoustand vum Fossil. De Mammut-Puppelche war am sibiresche Permafrost-Buedem fonnt ginn. Kapp, Torso, Oueren a Mond wieren aussergewéinlech gutt erhalen an hätte keng gréisser Schied.
De Bëbee-Mammut krut den Numm "Jana", benannt no engem Floss an der Géigend vun do, wou et fonnt gouf. Der Uni no weit de Fossil eng 180 Kilo, ass ronn 1,2 Meter héich a ronn 2 Meter laang. D'Fuerscher schwätzen, datt d'"Jana" ronn ee Joer al gouf, ier et gestuerwen ass. Ma de geneeën Alter an aner Donnéeë sollen nach erfuerscht ginn.
De russesche Fuerscher no ass d'Jana dat am beschten erhalent Mammut-Fossil vun der Welt. An der russescher Regioun Jakutien si scho méi dacks Déieren a guddem Zoustand fonnt ginn, déi iwwer laang Zäit am Permafrost konservéiert goufen. Der Universitéit vu Jakutsk wier et dat weltwäit siwent Mammut, wat ausgegruewe gouf. Fënnef Fossilie waren a Russland, eent a Kanada fonnt ginn.