Zu Lima hu Polizisten e Freideg en Haus vun Drogendealer gestiermt. Kapp vum Asaz war e Polizist an engem Grinch-Kostüm - eng Traditioun bei der Unitéit.

Offiziellen Informatiounen no huet e Polizist vun der peruanescher Police, deen als Grinch verkleet war, e Freideg e Grupp Drogendealer an der Géigend vun der Haaptstad Lima gepëtzt an eng Rei Päck Kokain a Boergeld saiséiert. Op engem Video vun der peruanescher Police op X gesäit een, wéi de verkleete Polizist vun enger Spezialunitéit mat enger Schlo d'Dier vun engem Haus opbrécht an da mat Kolleegen an Zivil d'Räim duerchsicht.

De Chef vun der Terna-Unitéit, de Carlos Lopez Aedo, seet am Video, seng Unitéit hätt dräi Drogendealer gepëtzt. "D'Presenz vum Grinch war onbemierkt bliwwen. Hie war deejéinegen, deen d'Operatioun ageleet huet, andeem hien d'Entréesdier opgebrach huet an et ass eis gelongen, déi dräi Drogendealer ze pëtzen, déi haut der Justiz presentéiert ginn."

Déi dräi Familljemembere sollen op Plagë südlech vu Lima mat Droge gedealt hunn. "Dëst ass e 'gudde Grinch', dee Chrëschtdag gären huet, mä hien ass e Feind vun de Kriminellen, deenen, déi der Gesellschaft schueden", huet de Lopez Aedo weider betount.

Traditioun vun Terna-Unitéit

D'Razzia war Deel vun enger Traditioun vun der Spezialunitéit, bei där Agente bei Asätz wärend der Vakanzenzäit, wéi Halloween oder Chrëschtdag, sech verkleeden. Op Vältesdag hat sech een Ermëttler als Teddybier verkleet a virun zwee Joer hat e Kleesche mat engem Elf eng Wunneng zu Lima gestiermt.