Mat engem Ballon iwwer wonnerschéi Landschafte fléien mam Himalaya am Hannergrond.

Den Himmel iwwer Pokhara war voller flotter a faarweger Ballonen, wéi am Nepal den éischte Festival fir dës Fluchgeräter organiséiert gouf.

"Mir haten d'Gefill, datt mer e Ballon-Festival, wéi dësen, an den Nepal misste bréngen", esou d'Organisatrice vum Event Sabin Maharjan der AFP. Fir den Nepal ass den Tourismus eng wichteg Source, fir Suen an d'Land ze kréien. Dëst Joer hat een iwwer eng Millioun Touristen aus dem Ausland am Land, nodeem et duerch d'Pandemie zeréckgaange war. Fir den Tourismus weider ze fërderen, gëtt aktuell vill an Hoteller an a Fluchhäfen investéiert.

Beim dëser éischter Editioun vum Festival ware Ballonen aus 10 verschiddene Länner dobäi. "E Fluch hei ka ganz spektakulär sinn, wann s de Bierger, d'Koppen an d'Séie gesäis", sot d'Maharjan weider. "All d'Passagéier ware begeeschtert. Esou e Festival wäert eisen Tourismus weider ukuerbelen".