Lëtzebuerger klaut 700€ deier Jackett aus Sportgeschäft

© SEBASTIAN KAHNERT DPAdpa Picture-Alliance via AFP
Zu Obertauern bei Salzburg ass en 20 Joer ale Mann aus Lëtzebuerg negativ bei de éisträicheschen Autoritéiten opgefall.
Wéi et an engem Communiqué vun der Landespolizei vu Salzburg heescht, gouf de Mann an engem Geschäft zu Obertauern gemellt, dat wéinst engem Déifstall.
De 26. Dezember huet de Proprietär vun engem Sportsgeschäft eng Plainte gemaach, dat well eng héichwäerteg Jackett am Wäert vu 700 Euro geklaut gouf. Den Déifstall selwer soll, wéi et heescht, schonn de 24. Dezember geschitt sinn.
No enger kuerzer Enquête am Schigebitt Obertauern konnt den Täter, en 20 Joer ale Mann aus Lëtzebuerg, de 26. Dezember bei engem Schilift vun der Police gestoppt ginn. De Beschëllegten huet d'Dot direkt zouginn, hien hat d'Jackett zu dësem Zäitpunkt selwer och un.
De Schued deen opkomm ass, gouf duerch de Beschëllegten nees gutt gemaach. Géint hie gouf awer eng Plainte beim Parquet zu Salzburg agereecht.