Erhëtzt Gemidder wéinst "falscher" Carbonara
© AFP (Archiv)
Wat kënnt an déi italieenesch Carbonara? Eng Zooss am EU-Parlament enthält Ingredienten, déi italieenesche Politiker guer net schmaachen.
E kuriéise Sträit gëtt et den Ament am EU-Parlament zu Bréissel. An engem Supermarché an engem Gebai vum Europaparlament ass eng Carbonara-Zooss verkaaft ginn. D'Lëscht vun den Ingredienten huet bei engem italieenesche Regierungsmember a bei italieeneschen Deputéierte fir erhëtzt Gemidder gesuergt.
D'Zooss, déi an engem 340-Milliliter-Glas verkaaft ginn ass, enthält nieft dem italieenesche Kéis Pecorino och Pancett-Speck a Ram. Traditionell gëtt d'Carbonara-Zooss an Italien awer mat Pecorino, Guanciale-Speck, réien Eeër, Peffer a Waasser vun den Nuddele gemaach - ouni Ram. Um Glas war och nach een italieenesche Fändel ze gesinn.
Dem Landwirtschaftsminister Francesco Lollobrigida no wieren esou Produiten am EU-Parlament "inakzeptabel". De Politiker vun der rietspopulistescher Partei "Fratelli d'italia" ronderëm d'Ministerpresidentin Giorgia Meloni war iwwer de Produit esou veriergert, datt hien eng Enquête an d'Weeër geleet huet.
De belsche Produzent huet op d'Kritik reagéiert. Et hätt een ni behaapt, hir Produite wieren an Italien produzéiert ginn. Donieft wieren an der Carbonara aner italieenesch Ingredienten wéi beispillsweis de Kéis.
Tatsächlech kéint e Produit op Basis vun EU-Virschrëften als ierféierend agestuuft ginn, wa säin Hierkonftsland duerch d'Verpackung verfälscht gëtt. Well um Etikett op der Zooss den italieenesche Fändel ze gesinn ass, erfëllt de Produit dem Lollobrigida no dës Konditiounen.
Déi erhëtzt Gemidder kéinten awer och Mëttel zum Zweck sinn. Well d'Giorgia Meloni versicht den Ament zesumme mam italieenesche Landwirtschaftsministère, déi italieenesch Kichen zum immaterielle Unesco-Kulturierwen erklären ze loossen.