Jee no Glas schmaacht Béier anescht
© ARMIN WEIGEL / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Net just d'Temperatur, och d'Déckt vum Glas ass wichteg fir de Goût vum Béier. Dat hu japanesch Fuerscher unhand vun enger Etüd erausfonnt.
Fréier Etüden hate schonn erginn, dass de Goût vum gréngen Téi variéiert, jee nodeems wéi dënn oder déck d'Glas ass, aus deem e gedronk gëtt. Baséierend dorop hu japanesch Fuerscher getest, wéi et sech mam Béier verhält.
Zwee Tester
Fraen a Männer, déi d'Ae verbonne kritt haten, krute jeeweils zwee Glieser mat där selwechter Zort Béier dran ze schmaachen. D'Form vun de Glieser war identesch, bis op d'Déckt vum Glas. Déi eng haten en dënne Bord vun 1 bis 1,2 Millimeter, déi aner waren tëscht 2,9 an 3 Millimeter déck. Resultat: dee selwechte Béier ass gréisstendeels méi séiss empfonnt ginn, wann d'Tester aus dem Glas mam méi décke Bord gedronk hunn.
An engem zweeten Experiment gouf d'Gewiicht vum Glas manipuléiert. Interessanterweis war dat fir d'Testpersounen net relevant. De Goût vum Béier léisst sech also éischter op d'Gefill vun de Lëpsen zréckféieren. D'Glas ass also kee passive Behälter, mä spillt eng aktiv Roll am multisensoreschen Erliefnis vum Drénken sou d'Fuerscher an hirem Rapport.
Net just d'Glas spill eng Roll
"Mënschen associéiere Séisses mat Ronnem, an et ka sinn, dass dat méi ronnt Gefill vun engem méi décke Glasrand an de Lëpsen deen Androck verstäerkt", sou de Professer vun der Universitéit Oxford. Eleng duerch d'Verännere vun den taktillen Eegeschafte vun engem Behälter kéint d'Erliefnis vum Drénke verännert a verbessert ginn, och wann d'Gedrénks dat selwecht bleift.
Iwwregens gëtt "äiskal" als déi bescht Temperatur empfonnt, fir Béier ze konsuméieren, dat hu chineesesch Fuerscher erausfonnt. Bei 5° Celsius hat hiren Testpersounen de Béier am beschte geschmaacht.