Mat 58 Joer dierf sech de fréieren Tennisprofi eng weider Kéier iwwert e Kand freeën. D'Meedchen ass e Freideg zu Mailand op d'Welt komm.

Zoe Vittoria heescht d'Duechter vum Boris Becker, där seng Partnerin Lilian Monteiro e Freideg zu Mailand d'Liewe geschenkt huet. Et ass dat éischt gemeinsaamt Kand vun der Koppel. Domat ass de fréieren Tennisprofi am Alter vun 58 Joer fir déi fënnefte Kéier Papp ginn.