Lottospiller(in) gewënnt 1,22 Milliarden US-Dollar

De gléckleche Gewënner huet säi Lottoschäin op enger Bensinnsstatioun an der Stad Cottonwood a Kalifornien kaf.
Nach ass net gewosst, ob déi Persoun, déi déi 6 richteg Zuele getippt hat, sech schonn iwwert säi Gewënn bewosst ass. Déi richteg Zuele waren iwwregens 3, 7, 37, 49 a 55, mat der Zousazzuel 6.
Wéi d'Los Angeles Times schreift, kann de gléckleche Gewënner sech déi Zomm vun 1,22 Milliarden Dollar iwwer 30 Joer verdeelt ausbezuele loossen, oder alternativ an enger Kéier 549,7 Milliounen Dollar (viru Steieren). Déi meescht géife sech fir déi eemoleg Ausbezuelung entscheeden, esou e Porte-parole vun der Lottogesellschaft.
Et ass de fënneftgréisste Lotto-Jackpot an der Geschicht vu "Mega Millions". De gréissten Jackpot louch bei 2,04 Milliarden Dollar. Och dee Lottoschäin gouf deemools a Kalifornien verkaf.