Béis Iwwerraschung fir de Basketballstar Luka Doncic vun den Dallas Mavericks. E Freideg den Owend gouf beim Sloween agebrach.

Hien a seng Famill waren deen Ament net doheem. Geklaut goufe Bijouen am Wäert vu ronn 30.000 Dollar.

Rezent gouf bei e sëllege bekannte Sportler an den USA agebrach. Am Oktober gouf beim Patrick Mahomes an dem Travis Kelce agebrach, béid Superstaren an der NFL bei de Kansas City Chiefs. Am Dezember ass beim Joe Burrows, Quarterback vun de Cincinnati Bengals agebrach ginn. Donieft waren Onéierlecher och beim Bobby Portis vun de Milwaukee Bucks aus der NBA, grad ewéi beim Mike Conley vun de Minnesota Timberwolves aktiv.

Den FBI geet dovunner aus, dass hannert der Serie vun Abréch eng Band aus Südamerika stécht. Déi wieren gutt organiséiert a géifen op héichmodern Technik zeréckgräifen. Genannt goufen do z.B. Dronen, Stéiersender oder Iwwerwaachungskameraen.

Souwuel d'NBA wéi och d'NFL hunn eng Sécherheetswarnung un d'Spiller erausginn a se opgeruff, zousätzlech Mesuren z'ergräifen, fir hir Haiser ze protegéieren.