Hond fënnt zu Stuttgart ofgetrennte mënschleche Fanger

© AFP (Archiv)
De Fanger gehéiert warscheinlech engem 33 Joer ale Mann. Hien hat dëse wuel op Silvester bei engem Accident mat engem Knuppert verluer.
En Hond ass zu Stuttgart op en ofgetrennt mënschleche Fanger gestouss, deen e Mann warscheinlech bei engem Accident mat engem Knuppert op Silvester verluer huet. Wéi d'Police vu Stuttgart en Donneschdeg matgedeelt huet, hat d'Déier de Fanger e Mëttwoch de Moie fonnt. Déi 54 Joer al Besëtzerin hat d'Beamten informéiert, déi de Fanger an eng Klinick bruecht hunn.
Eng Enquête huet erginn, datt et um Owend vu Silvester géint 22 Auer op der Plaz, wou de Fanger fonnt ginn ass, en Accident mat engem Knuppert gouf. En 33 Joer ale Mann hat dobäi wuel de Fanger verluer. Weider Informatiounen huet d'Police net bekannt ginn.