Wéi et vum Buergermeeschter vun der Stad Ashiya heescht, ass d'Fra schonn den 29. Dezember an engem Fleegeheem gestuerwen.

Dem Guinness-Buch vun de Rekorder no war déi den 23. Mee 1908 gebueren Tomiko Itooka mat 116 Joer offiziell déi eelst Persoun op der Welt, nodeems am August d'Spuenierin María Branyas mat 117 Joer gestuerwe war.

Japan huet zanter Jore mat enger demografescher Kris ze kämpfen, ausgeléist duerch e staarke Réckgang vu Gebuerten an enger Bevëlkerung, déi ëmmer méi al gëtt. Vun den insgesamt 124 Milliounen Awunner, déi Japan huet, ass ronn en Drëttel 65 Joer oder méi al. Iwwer 95.000 Japaner si méi wéi 100 Joer al, dovunner sinn 88% Fraen.