Zu La Bresse konnt een dëst Joer d'Wantersaison kuerz virun der Chrëschtvakanz ugoen. Dat ass awer net all Joer de Fall.

D’Sonn huet fräi Bunn. Keng Wolleke sinn um Himmel. D’Schifuerer musse sech op dësem Samschden awer e bëssi gedëllegen. Géint hallwer 12 huet sech eng Schlaang virum Schilift am Domaine La Bresse-Hohneck gebilt. "Et ass super Wieder, mir ginn Affer vun eisem Succès", seet d’Julie Grob, Directrice vum Touristebüro vu La Bresse. De leschte Weekend hätt d’Police mussen de Verkéier reegelen.

Wie mam Auto kënnt, fir Schi ze fueren, muss fréi u sinn. Scho géint hallwer 9 Moies, wäre Weekends vill vun de Parkplaze séier fort. Eng gratis Bus-Navett mécht awer den Tour vun den dräi Domainer La Bresse-Hohneck, La Bresse-Lispach a La Bresse-Brabant. Den Hotelsdirekter Bruno Bollino weist de Busplang a freed sech, dass d’Saison fir hien esou gutt ugefaangen huet. Den Hotel wier zu 100 Prozent ausgebucht. D’Residencen zu 90 Prozent. Angscht virun engem Wanter, wou et net vill Schnéi gëtt, wéi dat d’lescht Joer de Fall war, huet hien net. Et wieren ëmmer nach Clientë komm gewiescht an et géing ee positiv bleiwen an einfach sécher sinn, dass et schneie wäert.

Op der Schipist zu La Bresse-Hohneck gesäit een d’Saach awer e bëssi anescht. D'Schnéikanoune sinn och haut a Betrib, wann och just kuerz. Et ass een op manner Schnéi preparéiert. "Den Domaine muss duerch Konschtschnéi geséchert sinn", seet den Direkter vum Site, de Nicolas Claudel. Zu La Bresse kéinte 50 bis 60 Prozent vun de Pisten duerch Konschtschnéi geséchert ginn. Wann net genuch Schnéi fält, missten déi méi kleng Domainer an de Vogesen awer zou bleiwen. D’lescht Joer wier wéinst dem wéinege Schnéi e schwieregt gewiescht, well d’Mënschen d’Vertrauen an d’Destinatioun verluer hätten. Dat hätt sech doranner gewisen, dass am Hierscht nach relativ wéineg Reservatioune gemaach gi wieren.

Ma e Samschde waren dës Suerge wäit ewech. 30 vun 33 Piste waren op. D’Schifuerer komme mam Schnéi. Vill och spontan. Déi eng vun Nanzeg, déi aner vu Metz. Vill och aus Lëtzebuerg, erkläert den Nicolas Claudel. 15 bis 20 Prozent vun der Clientèle wieren aus dem Grand-Duché. Zwou bis dräi Stonnen dauert d’Faart op La Bresse. Fir den Encadrement op der Plaz suergen eng ganz Partie Schi-Moniteuren. Op Weekender wiere bis zu 70 am Asaz, seet den Direkter vun der Ecole du ski français La Bresse, den Eric Flieller. Am meeschte gi Schi-Coure gefrot fir Grouss a Kleng. Ma och mat manner Schnéi kréiche si d’Leit beschäftegt. Et géing ee probéieren, méi a Richtung 4 Joreszäiten-Aktivitéiten ze goen. "Hei proposéiere mer Segway fueren, Schnéischong-Wanderungen, einfach Wanderungen oder alles ronderëm de Biathlon", erkläert den Eric Flieller. 
 
Famillje kommen dann an engem vun de ville Parken op hier Käschten. Wéi dem Parc Loisirs Wiidoo Gliss oder dem Parc Bol d’Air. Ma wien e bëssi méi Rou sicht, dee fënnt se am Domaines Alpine & Nordique La Bresse-Lispach. Hei kéimen zwar tëscht 800 an 1.000 Mënschen den Dag, ma mat 45 Kilometer Loipe fir de Schilaanglaf, verdeelen dës sech um Site. Dës Distanz ka verduebelt ginn, well den Domaine mat de Piste vum Noper verbonnen ass. Méi nach wéi beim Alpine-Ski gëllt hei awer: Kee Schnéi - keng Aktivitéiten. Just eng minimal Offer vun 1,5 Kilometer gëtt da fir de Schilaanglaf gebueden. Konschtschnéi wier net am Esprit vum Schilaanglaf, mengt de Jérôme Curier, Responsabele vum Domaine Lispach. Ma et géing een am Moment weider un der Offer fir Aktivitéite fir déi 4 Joreszäite schaffen, wéi eng Pist fir Schi mat Rieder zum Beispill. Dës soll 2027 oder 2028 opgoen.