Mir kennen et alleguerten. Gefillt de ganze Januar oder deels nach méi laang kritt ee fir dat neit Joer gewënscht.

Et ass wuel déi Fro, déi ee sech all Joer stellt... Nom Countdown op Silvester gëtt mat der Famill oder de Frënn, mat deenen ee grad feiert, op dat neit Joer ugestouss a sech e "schéint net Joer" gewënscht. Eventuell rifft een dann den Owend selwer an den Deeg dono nach déi Leit aus dem enken Ëmkrees un, déi een op dësem Event net dobäi hat, a wënscht och vläicht der Caissière oder dem Caissier am Buttek, dem Serveur oder der Serveuse am Restaurant oder anere Leit, déi een Ufank Januar begéint, fir dat neit Joer.

Mä iergendwann gëtt een eventuell e bësse genervt vun dëser Situatioun an et stellt ee sech d'Fro, "Wéi laang muss ech iwwerhaapt engem wënschen". De Knigge-Coach Jonathan Lösel sot Radio Bremen dozou, datt ee wuel vu Mëtt Dezember bis Mëtt Januar ka wënschen. Grad, well een op der Aarbecht vill Aarbechtskolleegen eréischt an der zweeter Woch Januar erëmgesäit, wier et zu dësem Zäitpunkt duerchaus ubruecht, nach ze wënschen. Him no ass déi Reegel awer net festgeschriwwen an esou kann een dat, bei verschiddene Leit, awer och nach Enn Januar gäre maachen.

Vill Leit géifen awer spéitstens an der Mëtt vum Januar an den "Daily Business" iwwergoen an dann och net méi Leit, déi se begéinen, wënschen.