Onbekannter hu sech un e Camion erugemaach, dee voll mat Kéis beluede gouf. Den Unhänger gouf um Site vun enger Firma geklaut.

Dat mellt e Méindeg d'Police zu Rostock. Der Auswäertung vun den Iwwerwaachungskameraen no sinn d'Täter e Méindeg an der Nuecht op en Terrain, deen ofgespaart war, zu Teterow an Däitschland agebrach. Dono ass een Täter mat engem Camion op de Site gefuer.

Kuerz drop gouf dunn den Unhänger mat der deierer Wuer vun den onbekannte Persounen ugekoppelt a sinn du fortgefuer. Am Unhänger ware ronn 1.300 Këschte mat Kéis, dat am Wäert vu ronn 80.000 Euro. De komplette Schued beleeft sech op op d'mannst 130.000 Euro.