1 Schlass, 24 Kandidaten, 25 Kameraen a 50 Techniker bei der éischter Episod
Fir dass mir 30 Minutte vun der Show Take Off op der Tëlee kucke kënnen, brauch et vill Zäit a Leit fir d’Emissioun ze produzéieren.
Déi éischt Episod bei Take Off ass d’Casting-Episod. Dofir gëtt an engem aussergewéinleche Kader gedréint. Déi 12 Episoden duerno an engem Studio. Dëst Joer huet d’Produktiounsekipp d’Schlass zu Veinen erausgesicht a 4 Méint virum Tournage alles preparéiert. Déi passend Challengë fir an d’Schlass hu misste fonnt ginn. D’Organisatioun vun de Kameraen, dem Toun an der Regie huet missten op d’Bee gestallt ginn, sou dass ee konnt filmen an d’Schlass weiderhi fir de Public op bleift.
25 Kamerae sinn installéiert ginn a 50 Mataarbechter hu wärend 2 Deeg matgeschafft, fir déi verschidden Zeenen aus der éischter Episod ze filmen. Am Schlass ass eng ganz Regie opgebaut ginn, dat heescht déi 25 Kamerae waren all parallel ze gesinn an de Realisateur konnt sech d’Kameraastellungen ukucken an erauswielen, wéi ee Videobild dat bescht ass fir déi Zeen.
Fir de Yann Figuet, Associé bei der Produktiounsfirma FreeLens TV, deen Take Off produzéiert, ass déi gréissten Erausfuerderung, d’Challengen ze filmen: "Eisen Challenge ass, datt den Zuschauer alles versteet. Dat heescht mir mussen alles weisen, fir dass alles kloer fir jiddereen ass. En Experiment, dat super intressant ass, mee dat falsch gefilmt ass, versteet keen. Dat heescht dass wierklech eng Erausfuerderung fir d’Produktiounsekipp an d’wëssenschaftlech Ekipp vum FNR, fir dass et fir d’Zuschauer kloer ass."
150 Kandidaten hate sech fir Take Off 2 ageschriwwen. 24 dovunner sinn um Veiner Schlass ugetrueden. Hu missten 3 verschidden Aufgabe léisen. Wéi se sech dobäi ugeluecht hunn, huet doriwwer entscheet, ob se sech fir déi 12 Kandidate qualifizéieren, déi et an d’Show packen.
Et wäert eng drëtte Staffel vun Take Off dëst Joer produzéiert ginn. Jonker tëscht 15 an 21 Joer kënne sech vun Abrëll un dofir aschreiwen.