Datt och Policebeamten emol Spaass beim Schreiwe vun engem Rapport kënnen hunn, weist e rezenten Tëschefall aus Däitschland.

"Game Over": 26-Jähriger mit geklautem Super-Mario-Kostüm vorläufig festgenommen" kann een um Presseportal vun der däitscher Police liesen.

"Wier et e Spill gewiescht, hätt dëse jonke Mann wuel net den Highscore hikritt", steet weider am Bericht vun der Police ze liesen. D'Beamten hate wuel beim Schreiwe vun dësem Rapport hire Spaass. Mä wat war iwwerhaapt geschitt? E 26 Joer ale Mann war en Donneschdeg géint 11 Auer an e Kleedergeschäft gaangen, huet do e Kostüm vum Super Mario geholl an dat an der Kabinn uprobéiert. Esouwäit nach alles normal. Ma amplaz sech dono unzedoen an ze bezuelen, ass de Mann am Kostüm einfach aus dem Geschäft spadséiert. Seng zivil Kleeder hat den neigebackenen Held an der Kabinn leie gelooss.

"Level 1: Diebstahl erfolgreich gemeistert" schreiwen déi däitsch Polizisten. Also dat hätt de "Super Mario" kéinte mengen. Well d'Mataarbechter vum Buttek haten et matkritt an d'Police séier alarméiert. D'Beamten, déi dann op d'Plaz koumen, hunn dem Déif den nächste Level, nämlech d'Flucht, schwéier gemaach. Oder wéi si et ausdrécken, si goufen zu engem "onbezwéngbaren 'Endgegner'".

Well net wäit vum Geschäft konnten d'Beamten de Super Mario untreffen a virleefeg festhuelen. "Game Over" halt fir de 26 Joer ale Mann an dat eréischt kuerz, nodeem hien de Level 1 probéiert hat. No engem kuerzen Openthalt um Policebüro konnt de Mann awer heem goen. Elo muss hie mat enger Geldstrof, déi hien e puer Euro, respektiv "Creditpoints" wéi d'Police schreift, wäert kaschten, rechnen.