Brandstëfter an Australien setzt aus Versinn eege Box a Brand

© Handout / Victoria Police / AFP
Ob dat Karma war? An Australien huet e Mann beim Versuch, e Restaurant a Brand ze stiechen, seng eege Box a Brand gesat an huet missen ouni flüchten.
Op Biller, déi déi australesch Police en Donneschdeg publizéiert huet, ass ze gesinn, wéi zwee Männer mat donkele Kaputzepulloveren a schwaarze Boxen nuets virun engem Fast-Food-Restaurant zu Melbourne opdauchen. Kloer ze erkenne wier och, datt si e Behälter mat enger "brennbarer Flëssegkeet" dobäi hunn.
An engem Beräich, dee vun den net vun der Kamera gefilmt gëtt, fänkt ee vun de Männer d'Flëssegkeet un. Als nächst gesäit een, wéi de Brandstëfter selwer a Flame steet, da séier d'Box, déi brennt, ausdeet a mat plakegem Hënner fortleeft. Säi Kolleeg hat méi Chance: hie konnt ganz bekleet flüchten.
D'Police vum Bundesstaat Victoria sicht elo Zeie vun der Aktioun, déi deemno an de fréie Moiesstonnen op Chrëschtdag geschitt war.