Wollefsmound a Koméit ATLAS waren an der Nuecht op en Dënschdeg ze gesinn
Gläich zwee aussergewéinlech astronomesch Erliefnesser hu Lëtzebuerg e Méindeg an der Nuecht erwaart.
Den éischte Vollmound vum Joer, och als sougenannte "Wollefsmound" bekannt, huet am spéide Méindegowend den Nuetshimmel erliicht, dat um 23.27 Auer, wou en am Stärebild Zwilling stoung an eng Hellegkeet vu -12,5 Magnituden erreecht huet.
Datt e "Wollefsmound" genannt gëtt, kënnt dohier, datt d'Gehauls vun de Wëllef fréier besonnesch wärend de Wanternuechten am Januar a Februar ze héiere gewiescht soll sinn. Warscheinlech krut en dësen Numm vun den nordamerikaneschen Urawunner, déi gemengt hunn, d'Wëllef hätten de Mound ugehault.
Gläichzäiteg kënnt de Koméit C/2024 G3 (ATLAS) der Sonn méi no a kéint ee vun den hellste Koméite vum Joer ginn. Den 13. Januar huet e säin nooste Punkt un der Sonn (Perihel) erreecht a war mat bis zu -3,8 Magnitude vun der Hellegkeet hier mat der Venus vergläichbar. De Koméit vu Lëtzebuerg aus ze gesinn, wäert allerdéngs däitlech méi schwéier ginn, well en no un der Sonn steet an dobäi och riskéiert, z'evaporéieren. Besser z'erkennen ass e warscheinlech vun der Südhallefkugel.

Den 8. Januar war de Koméit C/2024 G3 (ATLAS) liicht ze gesinn, sou wéi hei zu Montevideo an Uruguay / © Mariana Suarez / AFP
D’Wiederkonditiounen zu Lëtzebuerg sinn den Ament perfekt fir Stärenobservatiounen. Ënner dem Afloss vun engem Héichdrockgebitt ware kloer Nuechte mat gudder Siicht ze erwaarden.
Hutt Dir Iech op d'Sich nom Wollefsmound oder souguer dem Koméit ATLAS gemaach? Da schéckt eis Är Foto op foto@rtl.lu eran.