Karen Kyllesö erreecht als jéngste Mënsch iwwerhaapt de Südpol

© Symbolbild vun AFP
D'Norwegerin Karen Kyllesö ass an der Nuecht op en Dënschdeg um Südpol ukomm, dat nodeem si ganz eleng a 54 Deeg 1.130 Kilometer hannert sech bruecht huet.
Dat huet de Mentor vun der 21 Joer jonker Norwegerin, de Lars Ebbesen, der Noriichtenagence AFP géigeniwwer confirméiert. D'Norwegerin huet domat de Rekord vum Fransous Pierre Hedan gebrach. Hie war am Januar 2024 am Alter vu 26 Joer de jéngste Mënsch, deen eleng an ouni Hëllef de Südpol erreecht hat.
D'Karen Kyllesö huet bei hirem Rekord eng extraordinär Leeschtung realiséiert. Op Schier huet déi 1,52 Meter grouss an 48 Kilo schwéier Norwegerin e ronn honnert Kilo schwéiere Schlitt mat Ausrëschtung mat gezunn. Dat bei Temperature vu -25 Grad Celsius.
Datt d'Karen Kyllesö zu spezielle Leeschtunge kapabel wier, hat si scho mat 15 Joer gewisen, wéi si ganz eleng op Schier queesch duerch Grönland gefuer ass.