D'lescht Joer sinn d'Präisser vun de réie Kaffisbounen ëm bis zu 70 Prozent an d'Luucht gaangen.

An och dëst Joer rechnen d'Experte mat enger weiderer Hausse vun ëm 30 Prozent.

Vill Caféen a Réischtereien hunn hir Präisser fir de Client nach net ugepasst. Ma iwwert déi nächst Méint wäert ee fir seng Taass Kaffi awer e gutt Stéck méi déif mussen an de Portmonni gräifen. Am Biz Café zu Diddeleng réischtert ee säi Kaffi  sëlwer. Dem Jacques Mossong seng Boune komme vu bëssen iwwerall – vu Südamerika bis Südostasien. Mëttlerweil en deiere Spaass. D’Präisser fir déi Rei Kaffisboune si fir hien ëm 50 bis 70% geklommen. Geklomme sinn och d’Präisser fir d’Energie, den Transport, awer och d’Titercher, an deenen hie säi Kaffi verkeeft.

De Jacques Mossong, Barista zu Diddeleng: "Kleng Präishaussë vu 5 bis 10 Prozent kënne mer un de Client weiderginn. Mee 1 zu 1 geet net. Mir mussen d'Margen also drécken well d'Clientë soss méi bëllege Kaffi kafe ginn."
 
Eng eescht Situatioune fir Caféen a Réischtereien. De Präis vun den Arabica-Bounen ass un der Bourse zu New York am Dezember sou héich ewéi zanter 1977 net méi. Schold si virun allem Klimafluktuatiounen, erkläert de Jacques Mossong:

"Betraff sinn alleguer d'Kaffisbounen. Ob Arabica oder Robusta. Egal vu wou se kommen. Den Haaptgrond ass, denken ech, de Klimawandel. Virun allem a Brasilien, ewéi och dem Vietnam, den zwee gréisste Kaffisexportateuren op der Welt, goufen et gréisser Ausfäll bei de Recolten duerch Dréchent, respektiv Iwwerschwemmungen."
 
Dat mécht och der Kaffi-Réischterei Mondo del Caffè zu Iechternach Suergen. Hei gëtt Kaffi fir allméiglech Clienten zu Lëtzebuerg an uechter ganz Europa geréischtert. Obwuel een d'Bourse a grouss Händler evitéiert an direkt mat de Baueren op der Plaz zesummeschafft, klammen och hei d'Präisser.

Den Alfons Schrammer: "Mir sinn net an der Positioun, datt mer alleguer d'Käschte selwer droe kënnen. Mir ginn déi Käschten och deementspriechend weider. Mee mir kënne verschidden Zorte guer net méi an de Programm huelen. Verschidde Bounen hunn ech an der Zäit fir 8 Euro de Kilo kaaft. Wann ech se haut iwwerhaapt nach kréien, da kascht se mech tëscht 13 a 15 Euro. Mat der Produktioun leien ech dann hei wäit iwwer 30 Euro de Kilo. An dat keeft da bemol kee méi."
 
Virun allem beim sougenannte Spezialitéite-Kaffi wäert et déi nächste Méint, respektiv Joren, op ville Plazen zu manner Choix kommen, respektiv wäerten d'Präisser fir de fäerdege Produit e gutt Stéck klammen. "Mir mussen eis ëmstellen. Mir wäerte weider richteg gudde Kaffi offréieren. Mee mir musse kucken, och verschidden aner Länner mat an eist Sortiment ze integréieren. Respektiv mat de Produktiounsplaze kucken, fir weider Planzen unzebauen", esou de Produzent, dee schonn zanter iwwer 10 Joer zu Iechternach baséiert ass.  
 
Ma do taucht och schonn den nächste Problem op: Eng geplangten EU-Direktiv wëll am Kampf géint Deforestatioun, datt an Zukunft d'Produzenten hir Liwwerkette oppeleeën, wa se mat Rostoffer ewéi Kaffi schaffen. De Base eng gutt Iddi, heescht et aus der Réischterei. Ma fir kleng Produzenten extreem deier a komplizéiert, erkläert den Alfons Schrammer: "Als europäesche Verbraucher mat ronn 500 Milliounen Awunner gouf sech warscheinlech e bëssen iwwerschat. Déi grouss Farmer kënnen de ganze Satellitten-Tracking vun de Steieren ofsetzen. Fir kleng Baueren an Ostafrika, Afrika oder a Kolumbien, déi just mat zum Beispill 3 Hektar schaffen, déi soe sech dann: ech verkafen un d'USA, Russland, China oder Saudi-Arabien. Dat ass dach vill méi einfach."
 
Vill Alternative fir kleng Réischtereie fir d'Präisser niddereg ze halen, gëtt et also net. Nach gëtt de Kaffi zu Diddeleng fir den ale Präis verkaaft, esou de Jacques Mossong, mee: "Mir mussen egal wéi op aner Bounen ëmklammen, well verschidden Zorten einfach net méi accessibel sinn. Mir wëllen awer och net un der Qualitéit spueren. Et muss een einfach e bësse kreativ ginn."
 
Och dëst Joer wäerten d'Präisser fir eng rei Kaffisbounen, esou d'Leit aus der Branche, nach emol eropgoen. Bei de grousse wéi och klenge Produzenten.