Chlorat ass geféierlech fir de Mënsch, dat bei gréissere Quantitéiten

© SAMEER AL-DOUMY AFP
Héich Chlorat-Wäerter goufe bei Kontrollen an der europäescher Offëll-Anlag an der Belsch fonnt, sou dass elo eng grouss Réckruffaktioun lancéiert gouf.
Betraff sinn eng ganz Partie Gedrénksmarke vum Gigant Coca Cola, also Coca Cola selwer, ma och aner Softdrinks wéi Sprite, Fanta oder Fuze Tea, fir der nëmmen e puer ze nennen. Dat mellt d'Offëllanlag an der Belsch e Méindeg. De Grond ass, dass bei Kontrollen ze héich Wäerter u Chlorat detektéiert goufen. D'Réckruffaktioun betrefft ausschliisslech Dousen a Glasfläschen, déi zënter November an der Belsch, Holland, Groussbritannien, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg verkaaft goufen. Et hätt ee keng genee Zuel, sou Coca-Cola Europacific Partners Belgium, ma et soll sech awer "ëm eng grouss Quantitéit" dréien.
Ganz konkret goufen dës Kontrollen, déi reegelméisseg bei Coca-Cola duerchgefouert ginn, zu Gent gemaach. Betraff sinn d'Produite mat de Produktiounscoden tëscht 328 GE bis 338 GE. D'Produiten, déi betraff sinn, kënnen an d'Geschäfter wou se verkaaft goufen, zeréckbruecht ginn. Clientë ginn dann och rembourséiert.
Wat ass Chlorat genee a wat wier Auswierkunge kann et op de Mënsch hunn?
Dem Site vun der Europäescher Kommissioun no, kënnt d'Chlorat a Liewensmëttel an den allermeeschte Fäll vun Desinfektiounsmëttelen an deene Chlor dran ass. Dëst gëtt bei der Opbereedung vu Waasser an dem Verschaffe vu Liewensmëttel benotzt.
Aus enger wëssenschaftlecher Evaluatioun aus dem Joer 2015 vun der Agence fir Liewensmëttelsécherheet geet ervir, dass eng laangfristeg Consomatioun vu Chlorat a Liewensmëttel eng Potentiell Gefor fir d'Gesondheet bei Kanner kéint duerstellen, virun allem bei Kanner déi e liichte Jod-Mangel hunn. Dat wéi gesot, bei enger liichter Consomatioun vu Chlorat iwwert e méi laangen Zäitraum.
Méi geféierlech a souguer carrement gëfteg fir de Mënsch gëtt et, wann een op eemol eng ganz héich Quantitéit u Chlorat géif zou sech huelen. Ënnert anerem kann d'Blutt doduerch manner Sauerstoff ophuelen, wat am schlëmmste Fall zu Niereversoen an och zum Doud féiere kann. D'EFSA recommandéiert dohier eng Maximalquantitéit u Chlorat, déi ee pro Dag net iwwerschreide soll. Dësen Taux läit bei maximal 36 µg/kg pro Dag.
Dat confirméiert eis op Nofro och d'Prof. Emma Schymanski vum Departement "Environmental Cheminformatics" op der Universitéit Lëtzebuerg. Wéi et schéngt, géif de Verdacht bestoen, dass ze vill Desinfektiounsmëttel am Waasser vun der Produktioun vu Coca Cola an der Belsch war. De Grond heivir ass natierlech Spekulatioun, ma eng Méiglechkeet wier, dass d'Konzentratioun am Waasser erhéicht gouf, well d'Unzuel u Bakterien ze héich war. Eng normal Prozedur an der Liewensmëttelproduktioun. Hei kéint et sinn, dass doduerch d'Konzentratioun u Chlorat dunn ze héich war.
Geféierlech, sou d'Emma Schymanski, géif et awer just wierklech da ginn, wann ee wierklech vill Chlorat op eemol géif zou sech huelen oder iwwert en extrem laangen Zäitraum. Soss géif just e ganz klenge Risk bestoen, bedenklech Konsequenzen dovun ze droen, sollt een emol eng betraffen Dous oder Fläsch drénken.
Änlech argumentéiert och d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire, kuerz ALVA, déi eng Gefor bei enger "akuter Expositioun" vu Chlorat duerchaus gesinn.
“Eng akut Exposiitoun mat Chlorat, och nëmmen een Dag, kann d’Gesondheet beaflossen, andeems se d’Fäegkeet vum Blutt fir Sauerstoff opzehuelen reduzéiert, wat zu Niereproblemer féiere kann. Eng chronesch Expositioun kann d’Opnam vum, fir d’Gesondheet wichtege Jod stéieren an d’Schilddrüsefunktioun beaflossen. Wat de Chloratgehalt ugeet, deen nogewise gouf, kann e Risiko, besonnesch fir Kanner, duerch de Konsum vun de betraffene Produkter net ausgeschloss ginn.”