Gratis interaktiv Expo iwwer EU offiziell ageweit ginn

© Emmanuelle Schmit
Wéi funktionéiert d’Europäesch Unioun? Wéi gi Gesetzer decidéiert a wéi beaflossen déi eisen Alldag?
Déi sougenannten Europa Experience am Europäesche Parlament um Kierchbierg liwwert d’Äntwerten op all dës Froen an dat op eng verständlech an interaktiv Aart a Weis. D’Ausstellung, déi zënter Mee 2024 op ass, ass um Donneschdeg a Presenz vun der EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola an dem Ierfgroussherzog offiziell ageweit ginn
D’Europa Experience ass eng gratis Ausstellung fir de Grand Public, wou een net nëmmen d’EU erkläert kritt, mee wéi den Numm et scho seet: erliewe kann. Mat modernen Ecranen, interaktive Spiller an engem 360°-Kino gëtt d’EU op eng nei a verständlech Manéier gewisen.
Den Europadeputéierte Marc Angel huet schonn e perséinleche Favorit :
"Wat immens flott ass fir Schoulklassen an och aner Gruppen, déi kommen, ass dat Rollespill. Do ginn d’Gruppen a 4 Parteien opgedeelt, an da gëtt eng Propositioun vun engem europäesche Gesetz virgeluecht an da musse se do debattéieren, eng Kommissiounsreunioun maache bis se herno Rieden halen, eng Pressekonferenz ginn. Also et ass richteg wéi europäesch Deputéierte: eis Aarbecht musse se do an deene Rollespiller maachen."
D’Europa Experience ass och ee Versuch, der Jugend d’EU méi no ze bréngen, wéi d’ Anne Calteux, d’Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, erkläert:
"Dat ass dat, wat mer hoffen op alle Fall, et kommen och ganz vill Jonker heihinner mat Schoulen, dat eng vun eisen Zilgruppen an et ass wichteg, well mer hei an Europa an och hei zu Lëtzebuerg net onbedéngt Europa als Schoulfach hunn. Do ass e ganz oft op de gudde Wëlle vum Schoulpersonal ugewisen, ob dat och wierklech ënnerriicht gëtt an de Klassen. An hei kënne se eben hikommen an hei hu se och déi ganz ludique Dimensioun, déi ebe mécht, dass ee séier an intuitiv versteet ëm wat et eigentlech geet, wann een iwwer Europa schwätzt a wéi Europa och funktionéiert."
D’Zil vun der Europa Experience ass et, d’Leit méi no un d’EU-Politik ze bréngen an d’Vertrauen an d’EU rëm ze stäerken, wei den Europadeputéierte Charles Goerens erkläert :
"Also Vertraue gewannen oder zréckgewannen, dat ass e ganz laangjäregen Prozess, hei ass en Element dovunner, wann ee Besseres huet, soll een dat soen. Fir mech ass dat heite wierklech optimal, et soll een heivunner profitéieren. Hei huet ee wierklech d’Chance fir ganz vill Informatioune gutt presentéiert ze kréien. A mengen Aen ass et eng enorm Chance, wann een heihinner kennt."
Dës Ausstellung gëtt et net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee a villen Haaptstied an der EU, wéi ënner anerem zu Berlin, Wien, Paräis an zu Roum.Zanter Mee ware schonn 30.000 Leit d’Ausstellung besichen an 1.600 Jonker hu scho beim Rollespill matgemaach.