Italieenesche Lokalpolitiker fuerdert rechtlech Schrëtt géint Donald Trump Jr

© Ritzau Scanpix/AFP/Archiv/Emil Stach
"Venetien an Italien si net Eegentum vun den USA", esou de Lokalpolitiker, deen elo eng Strof géint de Fils vum US-President fuerdert.
No der presuméierter Juegd op seelen a geschützten Intenaart an der Lagun zu Venedeg, wëll en italieenesche Lokalpolitiker elo rechtlech Schrëtt géint den Donald Trump Junior an d'Weeër leeden. D'Doudmaache vun der Intenaart wier e Verbriechen, esou den Andrea Zanoni op Facebook. D'Raschtgäns ass duerch italieenescht an europäescht Recht geschützt an esou wier d'Ëmbréngen "e Verbriechen".
Ausgeléist gouf déi ganz Affär duerch e Video an der Online-Zäitschrëft "Field Ethos", déi vum Trump Jr., dem Fils vum US-President Donald Trump, publizéiert gëtt. De Video, deen antëscht och an italieenesche Medie gedeelt gouf, weist den Donald Trump Junior an aner Persoune bei der Juegd op d'Waasservigel an der Lagun vu Venedeg.
An engem Deel vum Video schwätzt den Trump Jr. an d'Kamera a weist op eng raschtbrong Int, déi an der Mëtt vu sechs weideren Doudege Waasservigel virun him läit. "Dat ass eng éischter ongewéinlech Int fir dës Regioun", esou den Trump Jr., deen awer nach dozou seet, datt hien net genau géif wëssen, wéi dës Int op Englesch heescht. Dem Zanoni no handelt et sech bei dësem Déier ëm eng Tadorna ferruginea, Raschtgäns genannt, e "ganz seelene Vugel a ganz Europa, dee vun de Vugelschutzrichtlinne vun der EU an dem italieeneschen Déiereschutzgesetz geschützt ass."
Eegenen Aussoen no wëll den Andrea Zanoni elo bei de regionalen Autoritéiten nofroen, wéi eng Sanktioune si decidéiere wëllen "géint déijéineg, déi responsabel si fir d'Verletze vun italieeneschen an europäesche Richtlinnen". D'Juegd war dem Zanoni no rezent an engem Waasser-Schutzgebitt südlech vu Venedeg an der Regioun Venetien. "Venetien an Italien si net Eegentum vun den USA", esou de Lokalpolitiker weider.
Weder den Zanoni nach den Trump Jr. hunn op eng Ufro vun der AFP reagéiert. Déi regional Autoritéiten hunn erkläert, si géifen "den Tëschefall an an ubruechter Zäit an Weis behandelen".