Méi fëmmfräi Zonen an Europa
"Sou wäit wéi zu Mailand misst ee lo net goen, ma e Schrëtt an déi richteg Richtung ass et definitiv", heescht et vun der Fondation Cancer.
En neit Fëmmgesetz zu Mailand verbitt et de Bewunner vun der italieenescher Groussstad, quasi iwwerall dobaussen ze fëmmen. Kéint e Gesetz wéi dëst och zu Lëtzebuerg funktionéieren?
D’EU-Kommissioun huet am Dezember recommandéiert, méi fëmmfräi Zonen an den ëffentlechen Bausseberäicher anzeféieren. D’Decisioun, ob a wéi dës Empfeelung ëmgesat gëtt, läit allerdéngs bei den eenzele Länner. Verschidde Stied, dorënner Mailand, hunn dat direkt vum 1. Januar u probéiert. Hei ass et elo verbueden, net nëmmen op der Strooss, ma souguer op Café- a Restaurantsterrassen ze fëmmen.
Dës strikt Reegelung stéisst op gemëschte Reaktiounen. De Generalsekretär vun der Horesca ass der Meenung, et sollt bei de Restaurateure bleiwen, ob op hirer Terrass dierft gefëmmt ginn. Hie gesäit esou eng Mesure als schwéier ëmsetzbar. Och d’Fondatioun Cancer hält e generellt Fëmmverbuet op Terrasse fir ze restriktiv. Allerdéngs betount si d’Wichtegkeet, Net-Fëmmerten aktiv virun de Gefore vum Passivfëmmen ze schützen an ënnerstëtzt Fëmmverbueter op bestëmmte Plazen.
Zu Lëtzebuerg fëmmen aktuell 27 Prozent vun der Bevëlkerung, bei Jonken tëscht 16 a 24 Joer sinn et esouguer 34%. Virun allem de Konsum vun E-Zigaretten ass an de leschte Jore staark geklommen. Wärend 2022 nach 21% vun de Jugendleche E-Zigaretten hunn, waren et 2023 scho 36%.
Trotz dëse Statistike sinn op Nofro beim Ministère an nächster Zukunft keng nei Restriktioune fir Fëmmerten zu Lëtzebuerg geplangt. Zanter dem 1. Januar sinn d’Tubakspräisser ëm 5,5 Prozent geklommen, sou dass de bëllegste Pak Zigaretten elo iwwert 5 Euro kascht. Ob dëst d’Zuele vun de Fëmmerten erofdréckt, bleift ofzewaarden.