Gehier aktivéiert Immunsystem beim Kucke vu Erkältungsvideo

© Image Envato Symbolbild
Kuckt ee sech e Video u mat Persounen, déi néitschen oder krank sinn, reegt dat bestëmmte Regiounen an eisem Gehier un an den Immunsystem gëtt aktivéiert.
Enger Etüd no bewierken dës Videoen eng verstäerkt Aktivitéit a Gehierregiounen, déi mat eisem Immunsystem verbonne sinn. Gläichzäiteg klëmmt d'Antikierperkonzentratioun am Spaut, sou d'Universitéit Hamburg en Dënschdeg.
Fir hir Etüd hu sech 62 Persoune kuerz Videoen ugekuckt, an deenen entweder Mënsche mat oder ouni ustiechend Krankheetsunzeeche ze gesi waren. Gläichzäiteg gouf d'Gehieraktivitéit gemooss an d'Fuerscher am Fachberäich Biologie hunn d'Fräisetze vun engem bestëmmten Antikierper (sIgA) zur Ofwier vu Krankheetserreeger an den Otemweeër analyséiert.
Eleng d'Kucke vun enger Persoun, déi néitscht oder krank ass, huet déi viischt Gehierregioun aktivéiert, déi sougenannten Insula. Dës Regioun spillt eng wichteg Roll als Schnëttstell tëscht dem Gehier an eisem Immunsystem. D'Testpersounen hunn donieft méi vum Antikierper sIgA fräigesat.
Och d'Amygdala, déi am Gehier un emotionale Reaktioune wéi Angscht bedeelegt ass, huet bei sämtleche Videoen eng méi héich Aktivitéit gewisen, onofhängeg dovun, ob krank oder gesond Mënsch ze gesi waren.
D'Resultat weist, dass d'Gehier Unzeeche vun enger Infektioun net nëmme verschafft, mä direkt eng Immunreaktioun ausléist. "Iwwerdeems d'Insula d'zentral Immunaktivéierung koordinéiert, kéint d'Amygdala éischter als Alarmsystem fir sozial Situatiounen mat engem erhéichten Iwwerdroungsrisko funktionéieren", sou d'Cheffin vum Fuerschergrupp Esther Diekhof.
"Dës Immunreaktioun kéint dem Mënsch hëllefen, mat Ustiechungsrisiken ëmzegoen, andeems de Kierper Géigemoossnamen aktivéiert an den Organismus op déi erwaarte Belaaschtung duerch Erreeger preparéiert", sou nach d'Diekhof.
D'Resultater vun der Etüd goufen an der Fachzäitschrëft "Brain Behavior and Immunity" verëffentlecht.