9 Content Creators hu sech zesummegedoen, fir eng Lëtzebuerger Mamme-Communautéit ze grënnen, déi éierlechen Austausch a realistesch Ablécker bitt.

De Begrëff "Momfluencer" setzt sech zesummen aus Mamm an Influencer. Gemengt si Content Creators, déi hire Mammen-Alldag iwwert déi sozial Medien deelen. Déi eng maachen dat mat Biller vu perfekt inzeenéierte Posts vun ëmmer geraumte Wunnengen a brave Kanner. Ma eng Grupp vu Lëtzebuerger Momfluencer wëll sech genee géint dës falsch Illusioune staark maachen: Si hunn den Account "mom_luxembourg" an d’Liewe geruff, wou si realistesch Ablécker, hëllefräich Tipps an éierlechen Austausch ënner Mamme wëlle fërderen.

"Ech ka mech genee erënneren, wéi ech mäin éischte Reel gedréit hunn, wou ech eng Dier zu menge Struggles opgemaach hunn (…) Ech hat esou Häerzklappen, wéi ech op "posten" gedréckt hunn, mä dann ze gesinn, wéi vill Mammen zréckkommen a soen, dass se genee dat selwecht liewen (...), do gesäit een, dass et genee richteg ass, dat ze deelen", seet d’Sarah Holtgen, dat als "Sarah.the_gentle_doula" op Instagram aktiv ass.

9 Content Creators posten am Wiessel um Instagramaccount, op d'mannst eemol de Mount treffe si sech och am reelle Liewen. Souwuel fir sech privat auszetauschen wéi och iwwert d'Themen ze schwätzen, déi si als Content Creators alleguer betreffen. Zum Beispill wéi ee mam Dateschutz vun den eegene Kanner ëmgeet.

"Ech weisen d’Kanner net op mengem Account. Ech probéieren och net, se a Situatiounen ze weisen, wou se kräischen. Mä ech weise mech awer an de Situatiounen, wou ech soen, ech kéint se grad op de Mound schéissen. Einfach well ech weess, dass ech genee dat gebraucht hätt bei mengem Éischten: Ze gesinn, dass dat normal ass", seet d’Kim Moutinho, dat als  "kimski07" op Instagram post.

RTL

© Anouk Siebenaler / RTL