Donald Trump wëll keng 1-Cent-Mënze méi produzéiere loossen

© AFP/JIM WATSON
Den US-President Donald Trump wëll d'Produktioun vun 1-Cent-Stécker, déi ëmgangssproochlech als "Penny" bezeechent ginn, op een Enn bréngen.
Hie sot e Sonndeg, hien hätt de Finanzministère ugewisen, d'Prägung vum Penny ze stoppen. Dëst wier, fir Suen ze spueren. Dem Trump no wier d'Produktioun vum Penny ongeféier duebel esou deier, wéi säi Wäert.
D'Produktioun vun der 1-Cent-Mënz "kascht eis fërmlech méi wéi zwee Cent", huet den Trump op senger Plattform Truth Social matgedeelt. "Dat ass esou eng Verschwendung!" Den Trump, deen zanter dräi Wochen am Amt ass, huet eng drastesch Kierzung vun de Staatsdepensen zu enger vu senge Prioritéiten erkläert.
Der amerikanescher Agence fir d'Mënz-Prägung no huet et am Joer 2024 tatsächlech esouguer ronn 3,7 Cent pro Penny kascht, fir d'Mënz ze produzéieren an ze distribuéieren. D'Ofschafung vum Penny gëtt wéinst senger Onwirtschaftlechkeet schonn zanter Joren ëmmer nees gefuerdert.