Duerch en "Okkultismusbedruch" soll eng selwer-ernannte "Schamanin" an Éisträich eng zweestelleg Milliounenzomm ergaunert hunn.

Et gëtt ugeholl, dass déi geschiedegt Affer vun der 44 Joer aler Fra an Däitschland an an der Schwäiz wunnen, esou déi éisträichesch Police e Méindeg der Noriichtenagence APA géigeniwwer.

Bei der Perquisitioun am Haus vun der Fra, déi déi éisträichesch Staatsbiergerschaft huet, awer an sech aus Serbien kënnt, gouf Boergeld, Gold a Bijouen am Wäert vun e puer Milliounen Euro séchergestallt. Am Haus zu Enzersdorf an Niederösterreich gouf niewent de Bijouen ënnert anerem och en Tresor entdeckt an deem 4,1 Milliounen Euro, 2,1 Millioune Schwäizer Frang, 5.100 Dollar a souguer nach 500 D-Mark u Boergeld dra waren. D'Fra, déi sech als "Hellseeërin" ausginn huet, gëtt elo per europäeschem Mandat d'Arrêt gesicht.

D'Ermëttlunge géint déi Verdächteg koumen un d'Rullen, nodeem Mëtt Januar e méi konkrete Fall bekannt ginn ass. Och hei hat d'Fra, déi sech als "Amela" bezeechent, mat hire falsche Fäegkeeten en Affer hannert d'Liicht gefouert. Si hat "virausgesinn" dass e Mënsch, deen dem Affer géif nostoen, géif stierwen. Fir de Fluch ze briechen, huet d'Schamanin  an dësem Fall iwwer 700.000 Euro fir "Rengegungsritualer" gefrot. Nodeems d'Geld iwwerwise gouf, huet déi verdächteg Fra de Kontakt zum Affer ofgebrach.

D'Ermëttler ginn dovunner aus, dass d'Fra schonn e puer Joer mat dëser Arnaque aktiv ass, dat virun allem am däitschsproochege Raum. Et schléisst een net aus, dass déi presuméiert Täterin Komplizen huet. Hire Bouf vun 29 Joer gouf wéinst méiglecher Kooperatioun festgeholl. Weider Ermëttlungen géife lafen, dat och an Zesummenaarbecht mat Däitschland an der Schwäiz.