Alkoholiséiert Koppel "léint" sech Ambulanz zu Düsseldorf aus

Eng Ambulanz zu Berlin (Symbolbild) / © AFP
Zu Düsseldorf hat e 27 Joer ale Mann a seng 19 Joer jonk Begleederin eng Ambulanz geklaut, wärend d'Rettungsekipp vum Gefier am Asaz war
De 27 Joer ale Mann hat sech hannert d'Steierrad vum Rettungswon gesat an ass domadder e puer honnert Meter gefuer, wärend seng Begleederin vum Bäifuerersëtz aus Selfie gemaach huet.
Wéi awer ee vum Rettungsdéngscht aus dem Appartementshaus koum, wou den Asaz grad war, ass him opgefall, datt d'Gefier verschwonne war. Aus der Distanz hat hien d'Ambulanz, aus där hien e Medikament wollt huelen, gesinn, hannerzeg zeréckzefueren. Dem Sanitäter ass et gelongen, déi alkoholiséiert Koppel aus dem Rettungswon ze kréien, an de Mann huet d'Police geruff.
Géintiwwer de Polizisten huet de 27 Joer alen Täter ausgesot, datt hien de Problem net géif verstoen, schliisslech wier him d'Ambulanz am Wee gewiescht. Och um Policebüro huet de Mann sech aggressiv verhalen. De Permis huet hie misste um Policebüro loossen a géint d'Koppel wäert eng Plainte gemaach ginn.